Generalversammlung vum 07. Juni 2024

10th June 2024

club logo

DT Etzella Ettelbrück

Eis alljärlech Generalversammlung huet  de 07.Juni 2024 um Camping Ettelbréck stattfonnt. Eise President de Stéphane Dijou huet d'Highlights vun der Saison presentéiert an alle Sponsore souwéi der Gemeng Ettelbréck fir hir Ënnerstëtzung Merci gesot. Besonnesch ervirgehuewe gouf d'Dammenequipe mat hierer exzellenter 2. Plaz bei der Coupe de Luxembourg an och d'NI Xia Jing als Vize-Landesmeeschterin am Eenzel bei den Dammen.

Fir déi nei Saison sinn nei Uniforme bestallt, ënnerstëtzt vun neie Sponsore wéi z.B. "Albalux Crédit". Erfreelech ass och de Wuesstem am Kannertraining, e Resultat vun eise Promotiounsaktiounen a vun enger gudder Aarbecht vun eisem Trainer Patrick Rittel.

Am Comité goufen et Ännerungen: D'Sandra an de Luc Rasqui sinn zeréckgetrueden. Hier Nofollger sinn de Luca Entenich an de Kevin Wagner, deen de Poste vum Sekretär wäert iwwerhuelen.

image
image